Tropesch Reebëscher gëllen als eng vun de wichtegste Waffen am Kampf géint de Klimawandel. Si späicheren enorm Quantitéiten un CO2, produzéiere Sauerstoff a sinn d'Heemecht vu Millioune Planzen- an Déierenaarten.
Gläichzäiteg verschwannen awer nach ëmmer all Joer riseg Fläche Bësch duerch – gréisstendeels – illegal Ofholzung.
Mat engem neien internationale Fong, dem "Tropical Forest Forever Facility" (TFFF), wëll d'Weltgemeinschaft dat elo änneren.
Och Lëtzebuerg engagéiert sech a wäert iwwer déi nächst fënnef Joer 50 Milliounen Euro an de Projet investéieren, esou d'Annonce vun der Lëtzebuerger Regierung d'lescht Woch bei de Luxembourg International Climate Finance Days.
Fir den Ëmweltminister Serge Wilmes ass d'Bedeitung vun den tropesche Bëscher kaum ze iwwerschätzen: "Déi tropesch Reebëscher spille weltwäit eng ganz bedeitend Roll. Et si mat déi wichtegst Ökosystemer."
Schätzungen no géifen d'Reebëscher weltwäit ronn Dausend Milliarden Tonnen CO2 späicheren. Dat mécht si zu engem entscheedende Faktor am Kampf géint d'Äerderwiermung.
"Wann een dat mat de weltwäiten Emissioune vergläicht, gesäit een, wéi wichteg hir Roll fir d'Klima ass", esou de Minister.
Nieft dem Klima spillen d'Bëscher och fir d'Biodiversitéit eng enorm Roll. Ronn dräi Véierel vun alle bekannten Déieren- a Planzenaarte liewen an de tropesche Reebëscher.
Den "Tropical Forest Forever Facility" ass en internationale Fong, deen eng nei Approche verfollegt: Länner, déi hire Reebësch erhalen an net ofholzen, solle finanziell belount ginn.
D'Iddi hannendrun ass relativ einfach: Staaten an Investisseure bezuelen an de Fong an, dës Sue ginn dann investéiert an d'Gewënner dovunner ginn un déi Länner verdeelt, déi hire Bësch schützen oder nei Bëscher uplanzen.
"Amplaz Sue mat der Zerstéierung ze verdéngen, solle si Sue kréien, fir de Bësch ze schützen an alternativ ekonomesch Modeller ze entwéckelen", erkläert de Serge Wilmes.
De Fong soll op laang Siicht bis zu 125 Milliarden Dollar mobiliséieren. Dem Minister no wier dat nëmme méiglech, wann nieft staatleche Gelder och privat Investisseure mat eraklammen.
Lëtzebuerg engagéiert sech net nëmme finanziell, mee wëll och eng zentral Roll an der Organisatioun vum Fong iwwerhuelen. Sou soll den Investitiounsfong selwer op Lëtzebuerg kommen.
Fir d'Regierung ass dat och eng Méiglechkeet, d'Finanzplaz Lëtzebuerg als nohaltege Finanzstanduert weider ze stäerken. D'Contributioun vu Lëtzebuerg beleeft sech op 50 Milliounen Euro iwwer fënnef Joer. Dat entsprécht ronn 72 Euro pro Awunner. Am internationale Verglach wier dat eng héich Participatioun.
Dobäi soll et awer net bleiwen: Lëtzebuerg wëllt och Steierrecetten aus dem Fong direkt nees an den TFFF zeréck investéieren – domat soll de Projet laangfristeg stabiliséiert ginn.
Eng zentral Fro bleift awer: Wéi kann iwwerhaapt kontrolléiert ginn, datt d'Suen och wierklech fir de Schutz vum Reebësch agesat ginn?
Dem Minister no si verschidde Sécherheetsmoossnamen agebaut ginn. D'Länner missten all Joer Rapporte virleeën a mat Satellittebiller noweisen, datt hire Reebësch net weider zerstéiert gëtt, nëmmen da géifen d'Suen ausbezuelt ginn. Besonnesch wichteg wier och d'Roll vun den indigenen Awunner a lokale Communautéiten. Op d'mannst 20 Prozent vun de Gelder solle verflichtend u si goen.
"Déi lokal Communautéite liewe säit Generatiounen am Reebësch a vum Reebësch", seet de Serge Wilmes.
Kritik gëtt et trotzdeem. Verschidde Klimaschützer fäerten, datt räich Länner sech duerch esou Fonge "fräikafe" kéinten, amplaz hir eegen CO2-Emissiounen ze reduzéieren. De Serge Wilmes weist dës Kritik zeréck. Lëtzebuerg géif parallel weider massiv an erneierbar Energien, Elektromobilitéit a Klimaschutz investéieren.
"Mir mussen eis Hausaufgaben heiheem maachen", betount hien. "Mee parallel dozou muss och de Rescht vun der Welt sech beweegen."
Fir de Minister ass den TFFF dowéinst eng "Win-Win-Situatioun": D'Reebëscher gi geschützt, d'Länner kréien nei ekonomesch Perspektiven – an de Klimaschutz gëtt weltwäit gestäerkt. Trotz geopolitesche Krisen an ekonomeschen Onsécherheete bleift de Serge Wilmes optimistesch.
"De Klimawandel geet weider, onofhängeg vu Konflikter", seet hien. "Mir kënnen en net ignoréieren."