
Zu Lëtzebuerg sinn d'Paie méi héich wéi an den Nopeschlänner, dee Saz gëtt dacks gesot. Effektiv huet de Grand-Duché deen héchste Bruttojoresloun an der ganzer Europäescher Unioun. An enger neier Publikatioun nuancéiert de Statec de Constat allerdéngs.
Lëtzebuerg ass schonn eleng duerch seng atypesch Konstellatioun vum Aarbechtsmaart mat sengem dominante Finanzsecteur schwéier mat anere Länner ze vergläichen. Hei am Land schaffe ganzer 13% vun alle Salariéen am Finanz- an Assurancësecteur. An nëmmen 10% an der Industrie zum Beispill. Dee Secteur mécht an der Europäescher Unioun dogéint 22% aus. Op der anerer Säit ass allerdéngs och de Bau mat 11% vun alle Salariéeën zu Lëtzebuerg iwwerrepresentéiert. An deem Secteur gi jo gemenkerhand manner héich Paie bezuelt.
Allgemeng muss ee soen, datt d'Salairen hei am Land jee no Wirtschaftsaktivitéit wäit ausernee leien. Nach laang net jidderee gëtt gutt bezuelt. An och, dat gouf och schonn op anere Plaze gesot, hëlt den Undeel vun de sougenannte „working poor“ am Grand-Duché zou. Leit also déi schaffe ginn a sech nawell net vill leeschte kënnen. Den Ecart tëscht de verschiddene Länner gëtt och wesentlech méi kleng, wann een d'Kafkraaft mat am Salaire arechent. Zu Lëtzebuerg sinn d'Ënnerscheeder an der Pai dann och méi grouss wéi a Frankräich an an der Belsch. An der Belsch kritt een an der Moyenne am Commerce, am Bau an am Horeca méi wéi hei am Land. An an der Industrie an Däitschland gëtt och besser bezuelt wéi zu Lëtzebuerg.
Beim Staat allgemeng, dem Enseignement, dem Gesondheetsberäich an dem Finanzsecteur huet Lëtzebuerg awer d'Nues vir. Zu Lëtzebuerg, ginn dem Statec no, dann a Paart héich a vill Primmen also Bonussen an 13. Mount bezuelt. Interessant ass donieft awer och, datt den duerchschnëttleche Stonneloun a verschiddenen europäesche Géigende wéi Norwegen, zu London, Dänemark an och an der Schwäiz méi héich ass wéi hei am Land. D'Paie vu Fraen a Männer sinn zu Lëtzebuerg sou no beieneen, wéi soss néirens an Europa. De sougenannten „Gender paygap“ ass mat 1,4% am niddregsten.