AusseministèreLëtzebuerg fiert mat humanitärer Hëllef am Afghanistan weider

RTL Lëtzebuerg
D'Interventioune vun der Lëtzebuerger Kooperatioun ginn aktuell vun de Partner op der Plaz reevaluéiert.

D'Lëtzebuerger Regierung fiert mat der humanitärer Hëllef am Afghanistan weider. Wéi et an engem offizielle Communiqué e Mëttwoch den Owend heescht, wéilt ee weider un der Säit vun der afghanescher Populatioun stoen, virop fir d'Fraen an d'Meedercher z'ënnerstëtzen.

D'Interventioune vun der Lëtzebuerger Kooperatioun ginn aktuell vun de Partner op der Plaz reevaluéiert. Dat fir ze kucken, ob se an deem neie Kontext nach d'selwecht ëmgesat kënne ginn.Et soll och gepréift ginn, ob d'Hëllefen do ukommen, wou se am meeschte gebraucht ginn, an net bei den Taliban.Dëst Joer huet de Lëtzebuerger Staat Projeten an Héicht vun 2,35 Milliounen Euro am Afghanistan finanzéiert.Tëscht 2001 an 2020 huet d'Lëtzebuerger Kooperatioun ganzer 48 Milliounen Euro fir den Afghanistan ausginn. Virop fir Agencë vun de Vereenten Natiounen an international Organisatiounen z'ënnerstëtzen.

Schreiwes

La Coopération luxembourgeoise en Afghanistan (18.08.2021)
Communiqué par: ministère des Affaires étrangères et européennes / Direction de la coopération au développement et de l'action humanitaire

Suite aux récents événements en Afghanistan, la Coopération luxembourgeoise maintient son engagement de longue date et reste aux côtés de la population afghane et tout particulièrement des femmes et des filles. Les interventions de la Coopération luxembourgeoise sont actuellement réévaluées par nos partenaires de mise en œuvre sur place, afin de déterminer leur faisabilité et leur viabilité à court et moyen terme dans ce nouveau contexte. Autant que possible, les appuis seront maintenus, tout en s’assurant qu’ils parviennent aux populations les plus démunies et que tout lien direct ou indirect avec les talibans est exclus. 

En 2021, le Luxembourg a financé des projets à hauteur de 2,35 millions d’euros en Afghanistan, notamment dans le domaine de l’aide humanitaire. Entre 2001 et 2020, la Coopération luxembourgeoise a dépensé un total de 48 millions d’euros en Afghanistan, par le biais d’agences onusiennes et d’ONG internationales.

Back to Top
CIM LOGO