Lëtzebuerg brauch méi Strukture fir Flüchtlingen opzehuelen. En akute Problem géif et zwar net ginn, esou den OLAI, mä vu dass aktuell eng 270 Leit am Mount bäikéimen an eng Rei Famille mat Statut wéinst der Wunnengsnout net esou séier en neit Doheem fannen, kéinten an 2-3 Joer bis zu 1000 zousätzlech Better gebraucht ginn. Fir deem virzegräifen, ass et den Opruff un d’Gemengen, fir Terrainen zur Verfügung ze stellen, wou Strukture kënnen opgeriicht ginn.
10 Ar, méi brauch et net fir e Module opzeriichten an deem bis zu 33 Leit e provisorescht Doheem kéinte kréien. De Bau an d’Käschte vun dëse Wunn-Modulle gi vu Bâtiments publics iwwerholl.
Den Yves Piron, Direkter vum OLAI: "D'Gemeng muss eis Terrain a Baugeneemegung ginn, wat ëfters eng länger Prozedur ass. Well e Module kann an 9 Méint gebaut ginn. Mä dacks brauch et 1-2- Joer oder méi, bis d’Prozeduren duerch sinn.
E Gardien suergt fir d’Sécherheet, notéiert wien an an aus geet, iwwerhëlt awer och verschidde Conciergeriesaufgaben.
Jidder Stack huet e Gemeinschaftsraum mat enger Kichen, déi d’Awunner sech deelen. Grad ewéi d’Sanitären. Nei Modulle wéi dës ginn et der nach net vill. Elo am Summer sinn der um Briddel opgaangen.
Aktuell liewen zu Lëtzebuerg 2.954 Flüchtlingen a 56 verschiddene Strukturen. Verdeelt op 32 Gemengen. Woubäi d’Stad Lëtzebuerg bei wäitem déi meescht Leit ophëlt. Duerno kënnt d’Gemeng Suessem, wou den Ament 299 Flüchtlinge liewen. Zu Dikrech sinn et der 280.
Op e rezenten Opruff un d'Gemengen, fir weider Terraine fir Strukturen zur Verfügung ze stellen, hätten der bis elo just zwou Interessi gewisen, esou den Yves Piron: "Mir als OLAI kënne just frëndlech froen...Kéint jo mol sinn...Oft héiere mer vu klenge Gemengen, dass se net genuch Terrain hätten: mä vläicht hutt si awer kleng Haiser oder Gebaier, da kucke mer mat de Responsabele vun de Bâtiments publics ob een déi kann notzen als Foyer. Dat hëlleft eis och fir vläicht net 33 Better, mä e puer manner kënnen z'installéieren."
Et hätt sech iwwer d’Jore gewisen, dass déi Gemengen, déi schonn Erfarunge mat Flüchtlingen hunn, dacks och méi oppe wäre fir weiderer opzehuelen.
Am Hierscht wëll een den Opruff un d’Gemengen nach emol relancéieren. De Previsioune vum OLAI no, missten an den nächsten 2-3 Joer ëmmerhin 30 Modullen opgeriicht ginn.