Eng Saach ass zwar gewosst, mee geet nach eng Kéier kloer aus der LISER-Etude Lux-Talent ervir, déi de Wirtschaftsministère an Optrag ginn huet: Ouni auslännesch Aarbechtskräfte geet um Aarbechtsmarché hei am Land näischt méi. De Chiffer vun de Leit, déi op Lëtzebuerg gezunn si fir ze schaffen huet sech tëscht 2002 an 2024 vu 4.000 Leit antëscht méi wéi verduebelt. 2002 koumen dann 12.000 Frontalieren nei um Aarbechtsmarché bäi, 2024 waren et 15.000. Dat selwecht Joer hunn da bal 3.000 Leit aus anere Länner wéi den Nopeschlänner zu Lëtzebuerg eng nei Aarbecht ugefaangen.
228.000 Grenzgänger huet Lëtzebuerg aktuell, 47 Prozent vun allen Aarbechtskräften. 2024 koume bal 10.000 nei Frontalieren aus Frankräich bäi. Ënner 3.000 Grenzgänger waren et da jee aus Däitschland an der Belsch. Ëmmer manner Frontaliere koumen awer an engem vun den Nopeschlänner op d’Welt. “En interessant Beispill ass dat vun de Portugisen”, erkläert de Joël Machado vum LISER. De Chiffer vun de Leit mat portugisescher Nationalitéit, déi op Lëtzebuerg wunne komme fir ze schaffen, geet erof. Ma ënnert de Frontaliere geet dësen erop. “Dat heescht portugisesch Aarbechter kommen éischter an d’Grenzgebitt wunnen, fir dann op Lëtzebuerg schaffen ze kommen», seet de Joël Machado. 2024 hat all zéngten neie Frontalier déi portugisesch Nationalitéit. Iwwer 60 Prozent vun de belsche Frontaliere sinn dann zum Beispill net do op d’Welt komm.
Ob eng Persoun Frontalier gëtt oder op Lëtzebuerg wunne kënnt, hängt wuel och vum Secteur of, wou se schafft. D’Immigrante schaffe majoritär a spezialiséierten Zerwisser oder am Finanzsecteur. Beléift bleift och iwwert all déi Joren den Horeca-Secteur. Viru 14 Joer war et hei nach d’Konstruktioun an den Horeca-Secteur, woufir d’Leit op Lëtzebuerg wunne koumen. Bei de Frontalieren an Net-Residentë maachen Transport a Lagerung souwéi Konstruktioun a Commerce dee gréissten Undeel aus. Dono eréischt administrativ Zerwisser. “Dat heescht, et huet een eng gewësse sektoriell Konzentratioun”, stellt de Joël Machado fest. Dëst kéint natierlech duerch d’Logementspräisser zu Lëtzebuerg beaflosst sinn. An deene Secteuren, wou tendenziell éischter méi héich Paien ausbezuelt ginn, kéinten d’Leit sech eventuell éischter hei am Land néierloossen.
Ob Immigrant oder Frontaliere, vill vun den Auslänner, déi op Lëtzebuerg schaffe kommen, bleiwen awer net laang. 30 Prozent manner wéi e Joer. Bal 50 Prozent manner wéi 5. Et wier generell eng mobil Populatioun, déi mat der allgemenger wirtschaftlecher Situatioun vum Land variéiert.