1 vu 6 europäesche LännerLëtzebuerg ass bereet, Mënsche vum Rettungsschëff "Open Arms" opzehuelen

RTL Lëtzebuerg
Dat huet den Ausseminister Jean Asselborn e Freideg vis-à-vis vun RTL confirméiert.
© AFP

Nieft dem Grand-Duché wëllen och Frankräich, Däitschland, Rumänien, Portugal a Spuenien hirem europäeschem Engagement nokommen. De Jean Asselborn kritiséiert awer, datt deen Engagement an dësem Fall op Fräiwëllegkeet baséiert an datt et ëmmer déi selwecht EU-Länner sinn, déi Mënschen ophuelen an datt och ëmmer déi selwecht EU-Länner dat refuséieren.

Och d'EU-Kommissioun huet sech an Tëschenzäit zu Wuert gemellt a pocht op verbindlech Léisunge fir Flüchtlingen, déi Schutz an Europa sichen.

"Datt Mënschen iwwer Deeg oder iwwer Wochen op engem Schëff festsetzen, wier net acceptabel", sot eng Porte-Parole zu Bréissel.

Dës Situatioun géif alt erëm eng Kéier weisen, datt Léisunge gebraucht ginn, déi permanent sinn an op déi ee sech och verloosse kann, fir ze garantéieren, datt Mënsche séier a sécher kënne vu Bord goen an déi Hëllef kréien, déi se brauchen.

D'Flüchtlingen op der Open Arms sinn zum Deel schonn zënter zwou Wochen op deem Schëff, dat zënter en Donneschdeg an der Géigend vun der italienescher Insel Lampedusa läit.

Back to Top
CIM LOGO