
Nodeems den Ausseminister Xavier Bettel sech e Sonndeg mat sengen europäeschen Homologe beroden hat, gouf e Méindeg déi aussepolitesch Kommissioun iwwert dësen Austausch informéiert.
Aktuell gëtt e Flächebrand an der Regioun gefaart. Den Ausseminister Xavier Bettel sot, dass déi éischt Suerg wier, elo d’Lëtzebuerger, déi nach op der Plaz sinn, Heem ze kréien. Déi zweet Suerg wier dann d’Situatioun, déi sech weider géing zouspëtzen. Gespréicher, déi hie mat den Ausseminister an de Premierministeren aus der Golfregioun hat, géinge weisen, dass dës net wéilten nokucken, wéi se bombardéiert ginn. Den Ufank vun de Bombardementer wier awer d’Aktioun vun Amerika an Israel, déi ouni Mandat, unilateral decidéiert hätten, wat d’Zukunft vu Länner a Regimme sollt sinn.
Et géing ëmmer vun internationalem Recht geschwat ginn, sot dann de Fred Keup. “An de leschten achtzeg Joer ass vu Jänni a Männi andauernd internationaalt Recht gebrach ginn. Et ass ëmmer an der Perspektiv vun deem, dee kuckt”, sou den ADR-Deputéierten. Hie wier elo gespaant, wéi déi di d’Affär Maduro verurteelt hunn, hei reagéieren. Ob se och hei d’Amerikaner géinge verurteelen. “Fir eis ass et op jidder Fall sou, dass mir weder beim Maduro, nach elo hei am Iran d’Amerikaner dofir verurteelen, mee éischter souguer soen, dass dat gutt gemaach ass.”, huet de Fred Keup ënnerstrach.
Den David Wagner, Deputéierte vun déi Lénk, huet fonnt, dass dat mannst, wat Europa elo misst maachen, ze soe wier, dass den Ugrëff e Broch vum internationale Recht wier. Hie kritiséiert, dass d’Gefor elo géing bestoen, dass d’Welt ëmmer méi zu engem Dschungel ouni Reegele géing ginn. Wéi et elo fir d’iranescht Vollek soll weidergoen, do géing et schéngen, wéi wann et vu Säite vun der USA an Israel kee Plang géing ginn.
Ob d’Aktioun vun den USA an Israel elo géing déi néideg Erliichterung fir d’Iraner bréngt, wier net ofzegesinn, mengt d’Sam Tanson. “Ech erhoffe mer wierklech vun der Europäescher Unioun, dass se an dat Ganzt mat agräift, andeems se kuckt, dass mer elo an eng méi roueg Situatioun kommen an dass do effektiv e Regimmwiessel géif kommen”, esou déi Deputéiert vun déi Gréng. E Regimmwiessel wier awer net dat, wat sech am Moment géing ofzeechnen, mee éischter eng Kontinuitéit.
Déi nächst Schrëtt vun Europa goufe bis elo nach net decidéiert. D’Marge de manoeuvre schéngt kleng bis net ginn. “Mir musse feststellen, dass Europa am Moment am Noen Oste guer keng Roll spillt oder op d’mannst eng ganz kleng Nieweroll. Dat weist sech jo och doran, datt mer hei net weider consultéiert goufen”, sot de Laurent Zeimet, Deputéierte vun der CSV. Warscheinlech kéim dat duerch d’Positionnementer, déi een an der Lescht ëmmer erëm geholl hätt. Seng gréisste Suerg wier, dass een am Moment näischt aus dem Iran géing gewuer ginn. Ob sech d’Leit nach weider kéinte géint de Regimm wieren oder ob dëse weider repressiv virgeet. Déi offiziell Biller wiere mat Virsiicht ze genéissen.
Wat d’Konsequenze vun enger Eskalatioun vum Konflikt fir Lëtzebuerg respektiv fir d’EU sinn, ass dann nach net ofzegesinn. Cyberattacken, oder terroristesch Uschléi an Europa wiere Geforen, déi elo méi grouss wieren, wéi nach d’lescht Woch, sou den Yves Cruchten, Deputéierte vun der LSAP. Hie wier hin an hier gerappt tëscht der Hoffnung, dass dat iranescht Vollek sech vum autoritäre Regimm befreit krit, an dem Fait, dass internationaalt Recht mat Féiss getrëppelt gouf an nees Bommen op Ziviliste géinge falen. Seng Hoffnung ass, dass de Konflikt net laang dauert a séier demokratesch Prozesser kéinten opgeholl ginn. “Allerdéngs muss ech Iech soen, dass déi Hoffnung, déi bleift, awer ganz kleng ass. Ech fäerten, dass dat net de Fall wäert sinn”, ënnersträicht den Yves Cruchten.