D’Verdeedegung an d’Sécherheet stoungen am Mëttelpunkt, wéi déi franséisch Ministesch fir d’Arméi an d’Veteranen op Visitt zu Lëtzebuerg war. D’Catherine Vautrin gouf um Sennenger Schlass empfaangen, wou e Freideg am Nomëtteg eng Absichtserklärung ënnerschriwwe gouf, fir déi industriell Kooperatioun am Beräich vun der Verdeedegung ze stäerken.
D’Ministesch Vautrin huet drun erënnert, datt Frankräich a Lëtzebuerg 1949 zu de Grënnungsmembere vun der NATO gehéiert hunn an och 77 Joer méi spéit déi selwecht Visioun deelen: déi vun engem strategesch autonomen Europa.
Si huet betount, datt d’Verdeedegung zwar en Element vun der nationaler Souveränitéit bleift, mee datt et decisiv ass, sech ofzestëmmen an zesummen ze schaffen. Besonnesch wichteg dobäi ass d’Interoperabilitéit – also d’Fäegkeet, gemeinsam ze handelen. Genee esou kéint ee zesummevirukommen a gläichzäiteg den europäesche Pilier vun der NATO stäerken.
Och wann d’Verdeedegungsindustrie zu Lëtzebuerg net déi selwecht Dimensiounen huet wéi a Frankräich, misst d’Land sech net verstoppen, esou d’Yuriko Backes. Si huet ënnerstrach, datt dee Secteur sech an de leschte Jore staark entwéckelt huet.
No engem Mapping vu Luxinnovation géifen et mëttlerweil iwwer 100 Entreprisen zu Lëtzebuerg ginn, déi am Verdeedegungsberäich aktiv sinn. Zil wier et, dës Betriber an déi grouss europäesch an international Wäertschëpfungsketten anzebannen.
Konkret goufen véier Prioritéitsberäicher definéiert, ënner anerem Satellitten, Cyber an terrestresch Capacitéiten, wou d’Zesummenaarbecht nach soll ausgebaut ginn.
D’Yuriko Backes huet zum Schluss nach eng Kéier ënnerstrach, datt Lëtzebuerg säin Territoire, seng Fräiheet a seng Souveränitéit nëmmen an enker Zesummenaarbecht mat sengen Alliéierten a Partner ka schützen.