Background am Gespréich (4. Abrëll)Léon Wagener

Pierre Jans
E Samschdeg ass de Weibëschof a Generalvikar eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

No Karfreideg a virun Ouschtersonndeg schwätze mir am Background iwwer Glawen a Relioun. Fält et och dem Weibëschof Léon Wagener mat all deene Kricher an deem Leed an der Welt net heiansdo schwéier, seng Hoffnung net opzeginn? Sichen an onsécheren Zäiten nees méi Leit Halt an der Kierch? A wat heescht et, d’Kierch ze moderniséieren a wéi gutt kënnt de Bistum an deem Prozess virun?

E puer Froen vu villen, déi mir dem Weibëschof a Generalvikar Léon Wagener stelle wëllen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

“Background am Gespréich” leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d’Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik “Radio” bei Emissiounen “Background” wielen.

Back to Top
CIM LOGO