
214 Persounen hätte sech wärend der Kris bei der Asti gemellt, well si Hëllef gebraucht hunn, dovunner iwwert d'Hallschent Famillen. D'Organisatioun huet en Alimentatiounsbongesystem agefouert, fir hinnen ënnert d'Äerm ze gräifen - am Ganze wiere bis elo Bongen am Wäert vun 20.000€ verdeelt ginn. Dat wier zum Deel erméiglecht ginn duerch d'Oeuvre Grand-Duchesse Charlotte, déi eng exzeptionell Hëllef vun 10.000€ zur Verfügung gestallt huet.
D'Leit ouni Pobeieren hätte virun der Kris zum gréissten Deel an der Restauratioun an op Campinge geschafft, an ongereegelten Aarbechtsverhältnisser, dacks fir Salairen, déi wäit ënnert dem Mindestloun léichen. Vue dass hir Situatioun net regulär war, hätte si wärend der Kris net nëmmen hir Aarbecht verluer, ma och kee Recht op Sozialhëllef. Duerch d'Kris an d'Zoumaache vun de Grenze wier et awer den Ament och net méiglech, an déi Länner zeréck ze goen, aus deene si op Lëtzebuerg komm sinn.
D'Asti sträicht ervir, datt aner Staaten, wéi Irland an Tunesien, wärend der Kris eng Alimentatiounshëllef fir Leit ouni Pobeieren agefouert hunn. Zu Lëtzebuerg wier dat awer net de Fall. Et misst een elo vum Moment profitéieren, fir dëse Leit hir Situatioun ze regulariséieren, déi de Lëtzebuerger Staat bis elo näischt kascht hätten a gréisstendeels schonn zanter Joren hei géife liewen, e Logement hätten a Kanner, déi hei an d'Schoul ginn.
D'Persounen, déi sech wärend der Kris bei der Asti gemellt hätten, wieren am Duerchschnëtt zanter 3-4 Joer am Land. Keng vun deene Persoune wier manner wéi e Joer hei gewiescht. 6 Persoune wieren esouguer scho méi wéi 10 Joer zu Lëtzebuerg. 90% hätten e stabele Logement. D'Leit, déi ouni Openthaltsgeneemegung am Land sinn an Hëllef bei der Asti gefrot hunn, kéimen aus Brasilien, Peru, Senegal, dem Kamerun, Nigeria, dem Cap Vert an de Maghreb-Länner.
Ee Véierel wiere Persounen aus ex-jugoslawesche Länner, vun hinnen hätt d'Hallschent an der Vergaangenheet schonn eng Demande op eng international Protektioun gemaach.
Fir d'Asti wier et aus humanistescher Siicht wichteg, dës Leit ze regulariséieren, déi vu skrupellose Patronen exploitéiert géife ginn, ma et géif och ekonomesch méi Sënn maachen.