
An annerhallwer Woch, den 30. Juni, leeft d'Covid-Gesetz aus. Leit, déi dann nach eng Mask unhunn, kéinte sech méiglecherweis strofbar maachen. Dat sot d'Gesondheetsministesch Martine Deprez en Donneschdeg an der Chamber. D'Gesetz soll awer net méi verlängert ginn.
D'Reegele fir Masken unzedoen solle geschwënn ugepasst a präziséiert ginn. Wéinst der juristescher Onsécherheet bei de Masken hat den LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo gefuerdert, datt d‘Covid-Gesetz verlängert gëtt. Déi Motioun gouf awer refuséiert.