Sozialplang bei Grupp Saint-PaulLCGB fuerdert Äerz-Bistum op, sozial Responsabilitéit z'iwwerhuelen

RTL Lëtzebuerg
De Bistum hätt et bei der Vente vum Grupp un déi belsch Mediahuis verpasst, existenziell Schutz-Klausele fir d'Personal auszehandelen, esou den LCGB.

Beim Grupp Saint-Paul sinn 80 vun 330 Salariéeën vun engem Sozialplang betraff.
No zwou Verhandlungsronnen fuerdert den LCGB um Méindeg de Moien an engem Communiqué, kloer Garantien, fir datt déi Concernéiert um Enn net ouni Aarbecht sinn. An deem Sënn wier och e Gespréich am Aarbechtsministère ugefrot.

Dernieft appelléiert de Chrëschtlechen Gewerkschaftsbond un den Äerz-Bistum Lëtzebuerg, dee laang Proprietär vum Grupp Saint-Paul war, fir sozial Responsabilitéit vis-à-vis vun de Salariéen ze iwwerhuelen. An dat mat substantiellen Investitiounen an d'Formation Continue an Nei-Orientatiounen fir déi Concernéiert.

De Bistum hätt et nämlech bei der Vente vum Grupp un déi belsch Mediahuis verpasst, existenziell Schutz-Klausele fir d'Personal auszehandelen.

PDF: Pressecommuniqué vum LCGB

Back to Top
CIM LOGO