Invité vun der Redaktioun (20. Januar): Laurence Diederich"Eist Zil ass et, d'Leit ze stabiliséieren"

Carine Lemmer
En Dënschdeg de Moie war psychologesch Ënnerstëtzung Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Laurence Diederich
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Einfach mol fir d’Leit do sinn, en oppent Ouer hunn a keen Asaz ass wéi deen aneren, sou beschreift d’Laurence Diederich hir Aarbecht am GSP, dem “Groupe de support psychologique” vum CGDIS. Si ass d’Cheffe-Adjointe vun deem Grupp a war en Dënschdeg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun.

De GSP kënnt an den Asaz, wann eppes Schlëmmes geschitt ass, zum Beispill no engem déidlechen Accident, Katastrophen, no Evakuatioune bei engem Feier, Iwwerfäll oder engem Selbstmord. Hiert Zil wär et, d’Leit ze stabiliséieren. Vill Leit stéingen ënner Schock a kéinten net kloer denken. De GSP wär do, fir d’Leit opzefänken an déi nächst Schrëtt ze plangen a fir ze kucken, wéi et weidergeet déi nächst Stonnen an Deeg, sou d’Laurence Diederich.

250 Asätz d’Joer

Eng 50 Leit schaffe benevole fir de GSP an hunn eng 250 Asätz d’Joer. Et kann ee se iwwer den 112 ufroen, wann ee gestuerwen ass, oder d’Secouristen, Police oder d’Famillje maachen dat. Si hu just eemol direkt am Ufank Kontakt mat den Hannerbliwwenen. En Asaz dauert ronn 3 Stonnen.

“Mir sinn all Pompjeeën”, erkläert d’Laurence Diederich. Mir ginn ni eleng bei d’Leit, schellen och net ongefrot un der Dier a wëllen e bëssen ënnert dem Radar bleiwen, fir d’Leit ze schützen. Si fueren dowéinst och mat hirem Privatauto a sinn och net an Uniform.

Keng Psychologen, mä psychologesch Formatioun an all benevole

De Profil vun deenen, déi beim GSP schaffen, ass ganz verschidden. Déi 50 Leit maachen dat nieft hirem Beruff, e puer sinn der an der Pensioun. Et muss ee kee Psycholog sinn, mä déi Fräiwëlleg hunn all eng speziell psychologesch Formatioun. Bis ewell konnte mer nach all Asaz assuréieren, seet d’Laurence Diederich. Mä d’Zuel vun den Asätz geet an d’Luucht a sou gi sech Gedanke gemaach, a wéi eng Richtung ee wëll goen a wéi een dat an Zukunft ka stemmen.

GSP sicht nei Leit

De GSP sicht wéi all zwee Joer nei Leit. Am Februar ginn et 2 Informatiounsversammlungen, wou ee muss eng besichen, wann een Interessi huet. Et brauch ee keng speziell Virkenntnesser, mä muss awer aktive Member vum CGDIS sinn oder ginn. Weider Informatiounen dozou fannt Dir hei.

Invité vun der Redaktioun: Laurence Diederich

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO