
De Mann war mat e puer Kolleegen do schwammen. Et gouf eng grouss-ugeluechte Sichaktioun an d'Weeër geleet. Bedeelegt ware Police, Pompjeeën a Fräschmänner vum CGDIS.
D'Taucher konnte just nach d'Läich vum 22 Joer jonke Mann aus der Stad biergen.
Et gouf eng Enquête an d'Weeër geleet, fir déi genee Ëmstänn vum Doud ze klären. Dofir gouf och eng Autopsie ugefrot.