NordstadLaduno: Vum Megaprojet zum Schandfleck

RTL Lëtzebuerg
De Site vun der Laduno sollt e „projet phare“ fir d’Nordstad ginn, mä ëmmer méi verkënnt de Site zum Schandfleck.
Projet "Laduno" an der Nordstad
Et war als Megaprojet vun der Nordstad geplangt, verkënnt awer ëmmer méi zu engem Schandfleck an enger Gefor an der Regioun.

Op enger Fläch vu 55.000 Quadratmeter sollte Wunnengen, Büroen an en Hotel entstoen. Zanter dem Vott vum PAP 2015 ass de Projet awer kee Millimeter weiderkomm. D’Gemeng Ierpeldeng hätt elo gären, datt endlech eppes geschitt. Si mécht sech och Suergen iwwert d’Sécherheet: d’Gebaier stinn zanter 2008 eidel, si baufälleg an eng Gefor fir d’Sécherheet.

D’Luxlait, där den Terrain gehéiert, ass net bereet, fir Stellung zum Projet ze huelen.

LINK: Detailer iwwert de Projet "Laduno"

Back to Top
CIM LOGO