Vu Brexit bis SteierenKuerzen Iwwerbléck: Wat ännert sech 2021?

Fanny Kinsch
Christophe Hochard
Impfcampagne, CO2-Steier, Hausse vum Mindestloun, neien Handelsaccord mat Groussbritannien, nei Tram-Endstatiounen...
Kuerzen Iwwerbléck: Wat ännert sech 2021?
Impfcampagne, CO2-Steier, Hausse vum Mindestloun, neien Handelsaccord mat Groussbritannien... 2021 wäert sech sou munches änneren.

Hei en Iwwerbléck, vun all den Ännerunge fir dat neit Joer:

Wat ännert 2021? / Reportage Fanny Kinsch

  • Am Laf vun 2021 soll jiddereen, deen zu Lëtzebuerg lieft oder schafft, d'Méiglechkeet kréien, sech géint de Coronavirus impfen ze loossen. Grad wéi beim Large Scale Testing kritt een eng Invitatioun heem geschéckt. Et kann ee sech dann an engem Delai vun 2 Wochen e Rendez-vous huelen, fir sech an engem vun den Impfzentere picken ze loossen. D'Impfung ass gratis, eng Impfflicht gëtt et net. Den Ament gëtt jo scho Personal aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur geimpft. Wéini méi Leit dru kommen, ass nach net gewosst.
  • Vum 2. Januar u kommen um Findel Schnelltester an den Asaz, fir déi Leit ze testen, déi aus der Vakanz erëmkommen. D'Offer, fir e PCR-Test ze maachen, ass bis ewell net vill genotzt ginn.
  • D'Brexit-Iwwergangsphas ass eriwwer. Vum 1. Januar 2021 u gëllt en neit Handelsofkommes tëschent der EU a Groussbritannien. EU-Bierger, déi a Groussbritannien wunnen, schaffen oder studéiere wëllen, brauchen dann e Visa, och Diplomer ginn net méi automatesch unerkannt. Touriste brauche kee Visa, vun Oktober u muss een awer e Pass dobäi hunn. Et gi keng Taxen op Importer aus an Exporter an d'Vereenegt Kinnekräich erhuewen, ma et kënnt awer méi e groussen administrativen Opwand.
  • Ëmwelt verschmotze gëtt vum nächste Joer u méi deier: vum 1. Januar u gëllt e Präis vun 20 Euro pro Tonn CO2. Beim Diesel huet dat en Impakt vun ongeféier 5 Cent de Liter, sou den Energieministère. Mat de Suen, déi de Staat iwwert dee Wee erakritt, sollen déi méi akommesschwaach Stéit entlaascht ginn, dofir geet den 1. Januar de Credit d'Impot vu 600 op 696 Euro erop an d'Allocation de vie chère geet ëm 10 Prozent erop.
  • Och bei der Autossteier gëtt et eng Ännerung: bei all Auto, dee vum 1. Januar un immatrikuléiert gëtt, muss d'Autossteier no der sougenannter WLTP-Norm berechent ginn. Eigentlech hätt dat schonn zanter dem 1. Mäerz 2020 u sollte gëllen, wéinst der Kris gouf et allerdéngs no hanne verréckelt.
  • Den 1. Januar ginn de Mindestloun an de Revis ëm 2,8 Prozent erop. Den onqualifizéierte Mindestloun läit domat vum nächste Joer u bei 2.201,93 Euro. Fir ze verhënneren, datt Betriber, déi schonn ënnert der Pandemie gelidden hunn, duerch dës Hausse weider un d'Struewele kommen, triede gläichzäiteg Hëllefsmoossnamen a Kraaft. Cibléiert ass hei notamment den Horesca-Secteur. Och d'Pensioune ginn der Präisdeierecht ugepasst a klammen ëm 1,3 Prozent. Eng 190.000 Mënsche profitéiere vun dëser Hausse.
  • Zwee Steier-Schlupflächer ginn 2021 zougemaach: Immobilien, déi a spezialiséierten Investitiounsfongen, sougenannte FISen, sinn, ginn dann zu 20% besteiert. Bis ewell waren do quasi keng Steiere fälleg. An de Regime vun de Stock Options, deen et Top-Verdénger erlaabt huet, sech en Deel vun hirer Paie an Aktien ausbezuelen ze loossen, ouni Steieren drop ze bezuelen, gëtt ofgeschaaft.
  • Silvester ass dee leschten Dag, op deem Baueren a Wënzer zu Lëtzebuerg nach Planzeschutzmëttel mam Wierkstoff Glyphost dierfe benotzen. Vum 1. Januar 2021 un ass den Asaz vum Herbizid am Grand-Duché, als éischt Land an der EU, verbueden.
  • De Charel Schmit léisst den 1. Januar de René Schlechter als Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher of. De Pedagog a Papp vun 3 Kanner huet an de leschte Méint de Justizministère um Dossier Jugendschutz beroden.
  • D'Corona-Kris hat weltwäit en Impakt op d'Press an op d'Medien, deene virdrun och schonn d'Digitaliséierung ze schaffe gemaach huet. Zu Lëtzebuerg huet dat och schonn eng konkret Ännerung provozéiert: vun 2021 u gëtt et de Lëtzebuerger Journal nëmmen nach Online. De Chefredakter bis elo Claude Karger geet, nei Chefredaktesch ass d'Melody Hansen, déi virdru beim Tageblatt geschafft huet.
  • Den Tram gëtt a Richtung Cloche d'Or an a Richtung Findel ausgebaut, bis Enn vum Joer soll en déi 2 nei Endstatiounen erreechen. Mëtt-2021 sollen dann och d'Aarbechten un der A3 ufänken - hei soll op béide Säiten eng 3. Spuer bäikommen.
Back to Top
CIM LOGO