Protest-Piquet vun déi LénkKritik u Liberaliséierungs-Politik vun der Regierung

RTL Lëtzebuerg
Den 30. September gëtt e Post-Büro zu Bouneweg zougemaach. Déi Lénk fuerderen an deem Kontext, datt Post-Büroen a klengen Uertschaften erhale bleiwen.
© RTL Télé Lëtzebuerg

Enn September gëtt e Post-Büro zu Bouneweg zougemaach. Dëse gëtt awer duerch en neie Point-Post am Supermarché zu Bouneweg ersat. E Freideg an der Mëttesstonn war an deem Kontext e Protest-Piquet zu Bouneweg. Dat ganzt wier d’Konsequenz vun enger Liberaliséierungs-Politik vum Wirtschaftsminister Etienne Schneider, kritiséieren déi Lénk. Dowéinst fuerdere se, datt Post-Büroen a klengen Uertschaften hei am Land erhale bleiwen. Virun allem well et een ëffentleche Service fir d’Leit wier, ënnersträicht den Deputéierte vun déi Lenk, den David Wagner.

Den David Wagner: Wat awer elo e bësse witzeg oder onwitzeg ass, dat ass, datt e Post-Büro an engem Quartier wéi Bouneweg zougemaach gëtt. Et ass dee gréisste Quartier an der Stad, Bouneweg selwer ass esou grouss wéi sou munch Gemengen am Land an da gëtt gesot, ok da muss een elo an de Cactus goen, fir gewësse Servicer ze kréien respektiv et muss een op d'Garer Post goen, fir finanziell Transaktiounen ze maachen. Wat awer scho problematesch ass, well et ass awer, och wann et net ganz wäit ass, net direkt niewendrun an da kann een och dovunner ausgoen, datt eng vill méi laang Waardezäit do ass.

Extrait David Wagner

Zejoert am Januar hat den zoustännege Minister annoncéiert, de Post-Büro zu Bouneweg net zouzemaachen. Dat géif eben heeschen, datt de Minister gelunn hätt, ënnersträichen déi Lénk. An deem Büro konnten d’Clienten Courrier- a Finanzoperatioune maachen. Dëse Service gëtt eben elo am Supermarché zu Bouneweg ugebueden. D’Post wollt an deem Kontext allerdéngs keen Interview ginn. Aktuell ginn et 59 Post-Büroen hei am Land.

Back to Top
CIM LOGO