GewaltdotKreditkaart geklaut a Suen opgehuewen: Wie kennt de Mann?

RTL Lëtzebuerg
Am Zesummenhang vun enger Gewaltdot, bei där en Onbekannten eng Kreditkaart geklaut a benotzt huet, sicht d'Police no Zeien.
© Police

Den Onbekannten huet op engem Bancomat an der Rue de Bonnevoie Sue mat der geklauter Kaart opgehuewen.

Op Nofro wollt d'Police awer keng Informatiounen weiderginn, wéini et zum Virfall koum.

Sämtlech Informatioune si fir d'Stater Police um 244401000.

Back to Top
CIM LOGO