Stater GareKoppel gouf vun 3 Onbekannten agresséiert a beklaut

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den Owend géint 19.30 Auer gouf op der Stater Gare eng Koppel iwwerfall. Déi 3 Täter hu sech mat Boergeld, engem Handy a Kopfhörer dovu gemaach.
© Brücker Andy

Schonn am Zuch war d'Grupp negativ opgefall a wéi sech d'Koppel dunn an de Bus gesat huet, koum ee vun deenen dräi bei si an huet gedreet si ze schloen an doropshin den Handy an de Kopfhörer vum Mann gefrot. An der Uewerstad gouf d'Affer nach opgefuerdert eng gréisser Zomme Boergeld opzehiewen. Déi 3 hu sech dunn a Richtung Boulevard Royal duerch d'Bascht gemaach.

Täterbeschreiwung aus dem Police-Bulletin:

1) Junger Mann von heller Hautfarbe, Typ Nordafrikaner, von dünner Statur, zirka 1,65 Meter groß
2) Junger Mann von schwarzer Hautfarbe, bekleidet mit einem grauen Pullover der Marke Kenzo, trug eine orange Sonnenbrille
3) Junger Mann von schwarzer Hautfarbe, seine Haare sind an den Spitzen rot gefärbt und an den Seiten rasiert

All nëtzlech Informatioune si fir d'Police um Telefon +352 244404500.

Back to Top
CIM LOGO