Tëscht Lelleg an HierberKollisioun tëscht engem Bus an engem Auto um CR139

RTL Lëtzebuerg
Géint 12 Auer e Mëttwoch de Mëtteg koum et um CR139 tëscht Lelleg an Hierber zu engem Accident mat engem Bus an engem Auto.
© Domingos Oliveira

Eng Persoun gouf blesséiert an d'Strooss war wärend den Opraumaarbechte gespaart.

© Domingos Oliveira

Weider Virfäll um Mëttwoch

Zu Dummeldeng an der Route d'Echternach ass géint 14.50 Auer e Cyclist gefall. Ënnert anerem war de Samu op der Plaz.

Am Neiduerf an och zu Gréiwemaacher gouf et jeeweils kuerz viru 16 Auer eng Kollisioun tëscht 2 Gefierer. Hei gouf jeeweils eng Persoun blesséiert.

Géint 16.45 Auer gouf et eng weider Kollisioun tëscht 2 Gefierer, déi Kéier op der A1. An och hei ass eng Persoun verwonnt ginn.

Déi nämmlecht Auerzäit ass tëscht Mamer a Capellen a Cyclist ugestouss ginn. De Samu war op der Plaz.

Zu Bartreng gouf et kuerz viru 17 Auer e weideren Accident mat 2 Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO