
En Auto an e klengt Motorrad waren um Freideg um 8:43 Auer an der Rue de Neudorf, op der Héicht vun enger Tankstell anenee gerannt. D'Kräizung op där Plaz war deels blockéiert. Nieft der Police waren och d'Rettungsservicer aus der Stad an de SAMU op der Plaz.
Um 10:30 Auer war et d'Meldung, dass en Accident geraumt wier.
Op der A1, tëscht dem Iergäertchen an dem Tunnel Cents sinn um 7:49 Auer zwee Autoe kollidéiert. Eng Persoun gouf bei deem Accident verwonnt.
Kuerz virdru gouf et en Accident op der N5 tëscht Bartreng an Dippech. Och hei huet de SAMU mussen an den Asaz. Eng Persoun gouf verwonnt.