Am LokalenKollisioun tëscht Auto a Bus zu Bieles

RTL Lëtzebuerg
Fënnef Leit goufen e Méindegowend bei Accidenter blesséiert an hu misste fir eng Kontroll an d'Klinick.
© RTL

Zu Bieles koum et géint 18.40 Auer zu engem Accident an der Route d'Esch. E Bus an een Auto waren do, wou eng Busspuer an eng Mëttelspuer zesummelafen, net laanschtenee komm. Wou den Autoschauffer no riets gefuer ass, ass hien an de Bus geknuppt, deen op der rietser Spuer ënnerwee war. D'Kollisioun huet den Auto géint ee Won geschleidert, dee laanscht d'Strooss geparkt war.

Am geparkten Auto souzen zwou Persounen, d'Bäifuererin vun deem Auto gouf blesséiert an huet fir eng Kontroll missten an d'Spidol. Och déi dräi Persounen, déi am aneren Auto souzen, hu missten fir eng Kontroll an d'Spidol. De Materialschued war héich. Kee vun den Automobilisten hat gedronk, esou d'Police. De CGDIS huet iwwerdeems just vun zwee Blesséierter geschwat.

Ëm kuerz no 19 Auer ass eng jonk Motosfuererin an der Rue de Steinfort zu Habscht accidentéiert. Si war a Richtung Stengefort ënnerwee, wou si bemol d'Kontroll iwwer hiert Gefier verluer huet a géint ee Bam um Stroosserand gerannt ass. Si gouf fir eng Kontroll an d'Klinick bruecht.

Um Dënschdeg de Moie géint 5.30 Auer ass tëscht Ettelbréck an Nidderfeelen en Auto am Gruef gelant. Eng Persoun gouf bei deem Accident verwonnt. Am Asaz waren d'Pompjeeë vu Feelen an eng Ambulanz vun Ettelbréck.

Back to Top
CIM LOGO