Op der N14Kollisioun tëscht 2 Gefierer um Freideg de Moien - zwou Persoune verwonnt

Andy Brücker
Kuerz virun 8 Auer koum et op der Kräizung fir op Miedernach zu enger Frontalkollisioun tëscht 2 Gefierer.
© Domingos Oliveira

Accident e Freideg de Moien um 7:44 Auer op der N14, op der Kräizung fir op Miedernach. Wéi d'Police op Nofro bestätegt, sinn hei zwee Gefierer anenee gerannt. Zwou Persounen hu musse mat der Ambulanz an d'Spidol bruecht ginn. D'Kräizung war wärend den Opraumaarbechte fir den Trafic gespaart ginn.

Am Bulletin vum CGDIS ass ze liesen, dass d'Pompjeeën Ärenzdall a Fiels op der Plaz waren, grad ewéi eng Ambulanz aus der Fiels an de SAMU.

Back to Top
CIM LOGO