AccidentKollisioun tëscht 2 Gefierer tëscht Lampech a Monnerech

RTL Lëtzebuerg
Op der Héicht vum Futtballsterrain koum et um Méindeg de Moie géint 8 Auer zu engem Accident tëscht 2 Gefierer.
Tëscht Lampech a Monnerech
Accident tëscht 2 Gefierer - 1 Blesséierten

Wéi de CGDIS bestätegt, gouf 1 Persoun liicht blesséiert. D'Strooss war wuel extreem glat, esou d'Informatioun vun der Plaz.

Wärend den Opraumaarbechte war eng Spuer fir den Trafic gespaart. Am Asaz war d'Ambulanz vu Suessem/Déifferdeng an d'Pompjeeë vu Monnerech.

Kuerz virun 8 Auer war tëscht Schengen a Biermereng en Automobilist mat sengem Gefier an e Bam gerannt. E gouf liicht verwonnt. D'Ambulanz vu Réimech an d'Pompjeeë vu Schengen waren op der Plaz.

Géint 10 Auer huet dann an der Rue Nicolas Bove an der Stad eng Camionnette gebrannt. Hei blouf et beim Materialschued. D'Stater Pompjeeën hu sech ëm d'Läschaarbechte gekëmmert.

Back to Top
CIM LOGO