
Wéi kënne mir déi Schied finanziell opfänken? Dat wollt de gréngen Deputéierte Charles Margue den Dënschdeg an der Chamber vum Finanzminister Pierre Gramegna wëssen.
Zanter 2017 gëtt et eng fräiwëlleg Zousazversécherung fir Iwwerschwemmungen. Eppes méi wéi 50 Prozent vun de Stéit hunn eng Couverture, esou de Pierre Gramegna.
"Wann ech am Fall wär an nach keng esou eng Assurance hätt, géif ech mech drop stierzen. Fir 20-30 Euro kann een 100.000 Euro couvréieren. Dat war awer ze bëlleg ugesat ginn, well d‘Assurancë geduecht hunn, dass esou eng Katastroph all 10 Joer vläicht eemol geschitt. Elo stelle mir fest, dass dat bal all Joer ee Mol de Fall ass. Déi Rechnung geet net op."
Dofir hunn d‘Assureure schonn annoncéiert, d‘Primmen eropzesetzen.
Beim Thema obligatoresch Assurancen ass de Finanzminister virsiichteg. Säi Ministère géif sech den Ament mat Modeller aus dem Ausland beschäftegen, wéi een all Stot kann dozou bréngen am Fall vu Wiederkatastrophe verséchert ze sinn.
"Dat si ganz interessant Pisten: d‘Assurance géint Feier an de Crédit hypothécaire. Wann ee jo e Kredit ophëlt, fir en Haus ze kafen, wär et interessant, do eng Assurance matzemaachen."
D‘Assureuren estiméieren de Schued, dee bei de leschten Iwwerschwemmungen am Summer entstanen ass, tëscht 120 an 130 Milliounen Euro – Stand haut. Et wär séier a vill scho couvréiert, huet de Finanzminister erkläert. Bei héijem Schued ginn och Avancen ausbezuelt.
Et géif keen am Reen stoe gelooss ginn, huet de Finanzminister nach eng Kéier betount. Fir Privatpersounen a Betriber entgéint ze kommen a Schied un den nationalen Infrastrukturen ze behiewen, hat de Staat jo 150 Milliounen Euro mobiliséiert.