Déi GréngKmiotek vum 14. Mäerz un net méi Co-President, Sehovic kandidéiert

RTL Lëtzebuerg
Hie wëll sech um Kongress am Mäerz net méi als Kandidat fir d'Presidence presentéieren, huet de Christian Kmiotek op enger Pressekonferenz matgedeelt.
Déi Gréng: Kmiotek kandidéiert net méi als Co-President
Dofir wëll awer de Meris Sehovic sech fir dëse Poste mellen.

Mat 60 Joer wier et “eng gutt Geleeënheet” fir ze kucken, wéi ee säi Liewe wëll gestalten. Hie wéilt Plaz maache fir nei Talenter.

Déi Gréng: Kmiotek net méi Co-President/Rep. François Aulner

De Christian Kmiotek huet positiv op säin Engagement déi lescht Jore gekuckt a mengt gehollef ze hunn, d'Land méi gerecht a méi nohalteg ze maachen.

De Christian Kmiotek ass zanter 2013 Co-President vun déi Gréng. Déi aner Co-Presidentin ass aktuell d'Deputéiert Djuna Bernard.

De Meris Sehovic huet um Donneschdeg de Moie seng Kandidatur offiziell eragereecht.

PDF: Pressecommuniqué vun Déi Gréng

Back to Top
CIM LOGO