Och d'Ausgangsspär ofschafen, ass eng Optioun. Alles dat hänkt natierlech vun der Evolutioun vun de Covid-Zuelen of, mee déi gesinn am Moment gutt aus, heescht et vun allen offizielle Säiten. Detailer iwwert d'Auerzäit oder d'Zuel vu Leit, déi kënne beienee sinn, waren no enger Reunioun vun de Chamber Santés- a Mëttelstandskommissiounen e Méindeg de Moien nach net bekannt. No der DP-Deputéiert a Presidentin vun der Mëttelstandskommissioun Simone Beissel huet den Direkter vun der Santé, de Jean-Claude Schmit, am RTL-Interview confirméiert: „Et geet schonn a Richtung weider Ouverture, dat schéngt mer evident". Och hie sot, hie kéint keng weider Detailer matdeelen. Et ass nämlech d'Regierung, déi e Mëttwoch proposéiert, wéi et nom 12. Juni soll weidergoen.
Do virdrun ass en Dënschdeg en informellt Treffe vun de Gesondheets- an Ausseministere vu Frankräich a sengen Nopeschlänner, plus e puer weider EU-Staate wéi zum Beispill Holland, Irland oder nach Portugal. D'Länner solle sech iwwert d'Gestioun vun de Grenzen an d'Applikatioun vum sougenannte Covid-Certificat ofstëmmen. Dat bedeit, wéi eng Tester a Vaccinen unerkannt sinn oder nach vu wéini un a wéi laang een als erëm gesond vum Covid gëllt. Dat war och den Haaptsujet op der Visitt vum Premier Xavier Bettel e Méindeg zu Paräis.
Well e Covid-Certificat schonn operationell kéint sinn an donieft méi jonk Leit kéinten ufänke geimpft ze ginn, gesäit et och dono aus, wéi wann d'Schnelltester am Horeca-Beräich weider am Asaz bleiwen, huet den Direkter vun der Santé, de Jean-Claude Schmit, am RTL-Interview e Méindeg de Mëtteg duerchblécke gelooss.
Den CSV-Deputéierte Marc Spautz huet eis géigeniwwer dann och den Akkord vun der CSV zu manner restriktive Mesurë ginn, mat der Konditioun awer, datt Leit, déi nach keng Chance haten, geimpft ze ginn, net dierften ausgeschloss ginn. Et lafen deemno Diskussiounen, fir gratis Tester fir Leit, déi nach keng Invitatioun fir de Vaccin kruten.
"Phasing-out" vun de finanzielle Mesuren
Diskussioune lafen aktuell och iwwert de d'finanziell Mesurë fir den Horeca-Beräich. De Mëttelstandsminister Lex Delles sot eis géintiwwer e "Phasing-out" géing aktuell ausgeschafft ginn. Op Lëtzebuergesch ausgedréckt, d'Mesurë sollen no Enn Juni, respektiv September auslafen. Dat betrëfft zum Beispill d'finanziell Reparatioune fir d'net-gedeckte Fraisen oder nach déi aus dem Fonds de Relance. D'Hëllef fir Independante konnt ee just nach bis de 15. Mee ufroen. Bei Demanden, déi net komplett waren, géing den Datum vun der éischter Demande gëllen, dat heescht déi, déi nach an den Delaie gemaach goufen, kënnen nach no de Stéchdatumer komplettéiert ginn.
