
En Aenzeien huet RTL géintiwwer d’Partie tëscht de Young Boys Dikrech an dem FC Wolz 71 als “ugespaant” beschriwwen. Et wier ëmmer nees zu verbale Provokatiounen tëscht Spiller a Supporter komm, bis Persounen handgräiflech goufen a Spiller a Supporter uneneegerode waren.
D’Police confirméiert, datt et eng Kläpperei am Stadion gouf. Eng Plainte wier awer net gemaach ginn. Wéi d’Beamte bis op der Plaz waren, hat d’Situatioun sech och ganz séier berouegt. D’Police ass bis nom Match op der Plaz bliwwen, fir d’Situatioun ofzesécheren. De Renfort, deen initial ugefrot gi war, gouf am Endeffekt net gebraucht.
De Match gouf nom Tëschefall, deen no 65 Minutte Spillzäit passéiert war, weidergespillt an ass mat engem 1:1 op en Enn gaangen.