Beamten am Déngscht blesséiert/gestuerwenKeng spezifesch Unitéit geplangt, déi de Familje bäistinn

RTL Lëtzebuerg
An uerge Fäll géif de psychologesche Service vun der Police eng primär Assistenz leeschten.

D'Police plangt net fir eng spezifesch Unitéit ze schafen, déi Famillje vu Beamte bäistinn, déi am Déngscht liewensgeféierlech verwonnt goufen, respektiv souguer verscheet sinn.

Dat äntwert de Policeminister Henri Kox op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum Léon Gloden.

Den CSV-Deputéierten hat Referenz geholl op en RTL-Reportage, wou d'Wittfra vum Polizist, dee 2018 beim uergen Accident um Lausduer verscheet war, sot, datt Si sech vun offizieller Säit eleng gelooss fillt.

De Minister Kox preziséiert nach emol, datt et bei der Police keen eegestännege Service gëtt, deen sech ëm d'Prise en Charge vun den Hannerbliwwene këmmert.

An uerge Fäll géif de psychologesche Service vun der Police eng primär Assistenz leeschten. Dës Prise en charge géif och Familljememberen offréiert ginn, déi fräi wieren, dës un ze huelen oder net. D'Dauer vun dëser Prise en charge wier net limitéiert.

Hei d'Äntwert op déi parlamentaresch Fro als PDF!

Back to Top
CIM LOGO