No RumeurenKeng Schwéngsgripp an der Schoul Déifferdeng/Nidderkuer

RTL Lëtzebuerg
De leschte Méindeg war e Fall vun enger saisonaler Gripp zu Déifferdeng/Nidderkuer opgetrueden, deen nawell fir e bëssen Onrou gesuergt huet.

De Grippe-Fall vu engem Kand huet den Dr Pierre Weicherding aus der Santé (Dirigeant inspection sanitaire) op Nofro hi confirméiert. Déi normal Grippesaison dauert bis Enn Februar.

Richteg ass awer, dass ee Klassesall, een Turnsall an eng Maison relais zu Nidderkuer desinfizéiert gi sinn, seet d'Madame Schmit aus dem Service scolaire vun Déifferdeng, well e Verdacht virlouch, et kéint sech ëm en aggressive Virus handelen.

Back to Top
CIM LOGO