Wéi d'Police schreift, wier hinne géint 10.30 Auer eng Posch an der Rue Jean-François Boch am Rollengergronn gemellt ginn, déi Kengem gehéiere géing.
Nieft Poliziste war och d'Spezialunitéit vun der Police am Asaz, fir déi néideg Kontrollen duerchzeféieren. Als Sécherheetsmoossnam war déi betreffend Strooss gespaart.
Nodeems d'Iwwerpréiwungen erginn hunn, datt vun der Posch keng Gefor ausgeet, ass d'Rue Jean-François Boch rëm fir de Verkéier opgaangen. D'Posch gouf vun der Police mat ewech geholl.