SteebréckenKeng Assurance, verbuede Waffen dobäi an ënner Drogen- an Alkoholafloss gefuer

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Owend gouf de Beamte vun der Police e verdächtegt Gefier mat 3 Persounen an der Rue de l'École gemellt.
© Police (Archiv)

Bei der Kontroll konnt de Chauffer keng gëlteg Autosassurance virleeën. Donieft huet hien Unzeeche vun Alkohol-, respektiv Drogekonsum gewisen a sech nervös verhalen. Souwuel den Alkohol-, wéi och den Drogentest si positiv ausgefall.

Am Gefier goufen donieft nach Pefferspray an e Messer fonnt. Béid Géigestänn goufe beschlagnaamt, den Auto immobiliséiert.

Well déi 3 Persounen ouni Erlabnis wärend der Ausgangsspär ënnerwee waren, krute si e Protokoll.

Back to Top
CIM LOGO