Coronavirus zu LëtzebuergKee weidert Doudesaffer, 486 Positiver bei 6.569 PCR-Tester

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 889 läit.
© RTL

Aktuell si 76 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 21 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 953.794 Impf-Dosisse genotzt. 6.699 Leit sinn e Mëttwoch geimpft ginn, fir 709 Leit war et déi éischt Impfung, bei 479 déi zweet. 5.511 Opfrëschungsimpfunge goufen et zudeem.

E Mëttwoch louch den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte bei 122,27 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 53,81 op 100.000.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,07. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO