
Zanter bal engem Joer, ass et déi éischte Kéier, dass keen neie positive Corona-Fall dobäikomm ass, dat bei 337 Tester.
Aktuell sinn 27 Persounen hospitaliséiert, dovunner 8 op der Intensivstatioun.
Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 877 aktiv Infektiounen. 68.240 Persoune gëllen als geheelt.
Am Ganze goufe bis ewell 345.574 Dosisse genotzt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,82. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.