Äntwert op parlamentaresch FroKee CGDIS-Zenter um Fridhaff, neie Standuert nach net definéiert

Roy Grotz
Zanter iwwer 10 Joer geet rieds iwwert de méigleche Bau vun engem Zenter fir Protex a Pompjeeën um Fridhaff.
© RTL

Bis ewell huet näischt konkret an deem Dossier bougéiert.

5 Ha Terrain huet de Staat ewell um Site Fridhaff kaf, mä no engem Veto vum Ëmweltministère gëtt do net gebaut.

An engem interministeriellen Aarbechtsgrupp, wou och den CGDIS dra vertrueden ass, soll elo en aneren, beschtméigleche Site fir déi néideg gebraucht Infrastrukture fir d'Rettungsdéngschter fonnt ginn.

En Datum, bis wéini dat soll geschéien, nennen d'responsabel Ministere Bofferding, Dieschbourg an Turmes awer net.

Gefrot haten d'ADR-Deputéiert Engelen a Keup via eng parlamentaresch Fro, nodeem d'Wort de Sujet Mëtt Juni opgegraff hat.

Et gëtt awer Liicht um Enn vum Tunnel, well den 3 Ministeren no eng Rëtsch Terraine fonnt goufen, déi sech duerchaus fir de Bau vun engem CGDIS-Zenter eegnen. Wou dës leien, gëtt awer net preziséiert.

Back to Top
CIM LOGO