Cour d'AppelJustizfraise fir 2 Membere vun Abriecherband reduzéiert

RTL Lëtzebuerg
Op der Cour d'appel an der Stad goufen um Dënschdeg schonn d'Montante vu Justiz-Käschte fir zwee Verurteelter reduzéiert.

Si brauchen zesumme just nach, tëscht Gänseféisercher, eppes manner wéi 8.300 € ze bezuelen.

Um Stater Geriicht waren am Juli zejoert 7 Männer, deenen am Ganzen 88 Abréch, tëscht Ufank 2014 an Enn 2017, queesch duerch d'Land virgehäit gi waren, zu Prisongsstrofe vun tëscht engem a 6 Joer verurteelt ginn; fir 3 vun de Männer waren doriwwer eraus eppes méi wéi 25.000 € Frais de justice zesumme komm, fir ë.a. Fangerofdrock- an DNA-Analysen am Verlaf vun der Policeenquête.

Back to Top
CIM LOGO