Parlamentaresch FroJust knapp 5 Prozent vu landwirtschaftlechem Terrain gi fir Bio genotzt

RTL Lëtzebuerg
Ënner anerem dës Zuel nennt den Agrarminister Romain Schneider an senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum gréngen Deputéierten François Benoy.
© AFP (Archiv)

Bannent de leschten 10 Joer hunn 90 landwirtschaftlech Betriber d'Konversioun vun der konventioneller an d'Biolandwirtschaft gemaach. Wann een réng d'Bauerebetriber kuckt, also ouni zum Beispill d'Ziichter vu Geméis, da waren dat nach ronn 30 Häff.

Wann zejoert eng 470 Hektar an de Bio konvertéiert sinn, war et dëst Joer eng quasi identesch Fläch vu knapp 460 Hektar.

Eng Partie Baueren oder Ziichter hunn iwwerdeem mat der Konversioun vum hirem Betrib gewaart, bis déi nei Primme gewosst waren.

Wann een d'global Agrarfläch vum Land kuckt, bleift den Taux vun der Biolandwirtschaft mat knapp 5% vun den Terrainen awer éischter minimal.

PDF: Déi parlamentaresch Fro an d'Äntwert

Back to Top
CIM LOGO