D'Affekote waren un der ReiJuristescht Nospill no RTL-Background-Aussoen iwwer d'Juegd

RTL Lëtzebuerg
Um Dikrecher Geriicht koum et zum juristeschen Nospill vun eiser Emissioun Background vum 23. Februar iwwert d'Juegd.

Wéinst Aussoen an där Emissioun hate jo zwee Jeeër de Politolog Armand Clesse ugesicht.

Juristescht Nospill - De Reportage vum Eric Ewald

Déi zwee Männer haten dem fréieren Direkter vum „Institut d'études européennes et internationales“ virgehäit, der Éier vu Jeeër geschuet ze hunn. Si haten all Kéiers 2.500 € Schuedenersatz gefrot, well den Armand Clesse ë.a. ëmmer nees gesot hätt, d'Jeeër wäre Mäerder.

V.a. d'Zitater „D'Juegd ass Doutmaachen, et ass Mord, well et ass geplangt. (...) D'Jeeër si Barbaren. (...) D'Juegd, dat ass d'Loscht, doutzemaachen!“ haten den zwee Jeeër net gefall; hirem Affekot no sollt de Politolog dofir wéinst Calomnie oder Diffamatioun verurteelt ginn. Um Enn vun der Sëtzung huet de Vertrieder vum Parquet gemengt, et sollt keng vu béiden Infractiounen zréckbehale ginn, dofir awer d'Injure, woubäi hien dem Geriicht d'Strofmooss iwwerloosse géif. Mä fänke mer vu vir un...

An engem - déi Däitsch géife soen - „flammenden Plädoyer“ huet de 70 Joer alen „Affekot vun den Déieren“, wéi hie sech selwer genannt huet, erkläert, et wär him net drëms gaangen, Jeeër ze diffaméieren, mä se als dat duerzestellen, wat se ethesche Kategorien no wären. D'Doutmaache vun Déiere wär e Selbstzweck ginn an de Jeeër e Mäerder, dee voll a ganz responsabel wär fir säin Handelen. Dobäi hat de President vum Geriicht uganks betount, de Geriichtssall wär keng Bühn fir oder géint d'Juegd!

Wat den Armand Clesse awer net dru gehënnert huet, fir d'Fro opzewerfen, wouhier e Jeeër sech d'Recht huele géif, fir engem Déier d'Liewen ze huelen. D'Juegd, dësen „onnëtzen Zäitverdreif zu Laaschte vun Déieren“, wär legaliséierte Mord, sot de Politolog nach.

Woumat hie keng gutt Kaarte beim Affekot vun den zwee Jeeër hat. Fir de Me Rosario Grasso misste sech d'Riichter froen, ob heimat d'Riedefräiheet agehale gouf. Fir direkt d'Äntwert ze ginn, seng Mandanten als Mäerder ze betitele géif doriwwer eraus goen.

Dogéint huet den Affekot vum Armand Clesse fonnt, déi zwee Jeeër wären net perséinlech geschiedegt an et wär hirer Éier net geschuet ginn. De Me Baulisch huet dann och de Fräisproch vu sengem Mandant gefuerdert a sengersäits eng Entschiedegung vu 750 €.

De 7. Februar gëtt d'Urteel gesprach.

Back to Top
CIM LOGO