Pafendall/KierchbiergJugendlechen iwwerfall a mat Schlagring menacéiert

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend géint 19.45 Auer gouf e Jonken an der Géigend vum Funiculaire am Pafendall iwwerfall.
© Twitter / mz_landbote

Eng onbekannte Persoun hätt d'Affer mat Schlagring menacéiert an opgefuerdert, dem Onéierleche seng Wäertgéigestänn ze ginn. No der Dot wier den Täter an den Tram geklommen an hätt sech duerch d'Bascht gemaach. Kuerz drop gouf hien am Raum Kierchbierg vun der Police ermëttelt. Nieft dem Schlagring hunn d'Beamte vun der Police och Marihuana beim Mann fonnt a saiséiert. Op Uerder vum Parquet gouf hie festgeholl an hat en Donneschdeg de Moie Rendezvous beim Untersuchungsriichter.

Abréch & Déifställ

Zu Iechternach an der rue Krunn gouf en Donneschdeg am Nomëtteg agebrach. Vum Täter feelt all Spuer.

Um Freideg de Moie géint 4 Auer gouf op enger Bensinsstatioun op der route du Vin zu Schengen an Alarm ausgeléist. Op der Plaz gouf du festgestallt, dass e puer Fläsche gebrach waren, an dass eng Rei Zigarettestaange geklaut goufen.

Back to Top
CIM LOGO