HalerJugendleche bei Accident mat E-Trottinett liewensgeféierlech blesséiert

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Freideg koum et zu Haler zu engem schwéieren Accident mat enger E-Trottinett.
E-Trottinett (Symbolbild)
© AFP

Wéi d’Police an hirem Bulletin schreift, wieren zwee Jugendlecher géint 0.45 Auer op der Trottinett a Richtung Waldbëlleg ënnerwee gewiescht, wéi si d’Kontroll iwwer d’Trottinett verluer hunn an ee vun hinne gefall ass. Hie gouf dobäi liewensgeféierlech blesséiert a gouf nach op der Plaz vu Secouriste versuergt, déi hien dunn an d’Spidol bruecht hunn. D’E-Trottinett gouf op Uerder vum Parquet beschlagnaamt. Weider gouf festgestallt, datt d’Jugendlech däitlech ze séier ënnerwee waren. Et gouf Protokoll erstallt.

D’Police weist an dësem Zesummenhang op d’Reegelen hin, déi beim Notze vun E-Trottinetten ze beuechte sinn. Dës fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO