
Eurostat hat jo Zuele publizéiert, déi de Grand-Duché an e schlecht Liicht stellen: 24,7 Prozent vun de Jugendlechen hätte keng Aarbecht. De Paul Galles huet vun der Aktualitéitsstonn en Dënschdeg profitéiert, fir den Aarbechtsminister Dan Kersch ze froen, wéi d'Regierung dee Problem ugoen wëll.
Ronn 20.200 Mënsche waren op den 31. Mee bei der Adem ageschriwwen. Dovu ronn 2.030 Jonker ënner 25 Joer.
Den Aarbechtsminister Dan Kersch:''Wann de gesamte Prozentsaz vun den Leit, déi eng Aarbecht froen, op ee Joer gekuckt ëm dramatesch 33 Prozent an d'Luucht gaangen ass, dann ass de Prozentsaz vun de Leit ënner 25 Joer ëm nach vill méi dramatesch 59,1 Prozent an d'Luucht gaangen. Ech hunn och als Aarbechtsminister keen Interêt, fir eppes schéin ze schwätzen, wat net schéin ass.''
D'Corona-Kris trëfft déi Jonk, wat d'Aarbechtslosegkeet ugeet, am häertsten. Aktuell stabiliséiert sech de Jugendchômage de Rechnunge vun der Adem no bei 12,8 Prozent, wat dem Minister no och schonn e vill ze vill héijen Taux wär. Allerdéngs ass en däitlech manner héich ewéi den Taux, deen Eurostat fir Lëtzebuerg ugëtt: 24,7 Prozent.
Dan Kersch:''Tëscht 14 an 25 Joer si vill Jonker nach an der Schoul oder op der Uni a gehéieren hei zu Lëtzebuerg net zu der aktiver Populatioun. Mir wëssen, dass mir am Verglach mat anere Länner relativ vill Leit hunn, déi och an engem héije Jugendalter fir et emol sou ze nennen, nach op de Schoule sinn. Doriwwer si mir och net beonrouegt, de Géigendeel ass de Fall.''
Ma genee déi Lëtzebuerger Partikularitéit géif Eurostat net berécksiichtegen, erkläert den Dan Kersch. 32 Conseillere géife sech aktuell just ëm déi jonk Chômeure këmmeren. Ma de Sujet wär net ze vernoléissegen: am Mount Juni op ee Joer gekuckt, hätt d'Adem just nach Hallef esouvill Léierplazen ze vermëttelen. De Jugendchômage wäert dem Aarbechtsminister no sécherlech och elo an der Tripartite diskutéiert ginn.
'Ech ginn dem Här Galles Recht: do musse mir och iwwer d'Prekaritéit vun den Aarbechtskontrakter schwätzen. Engersäits CDDen, anerersäits awer déi vill méi komplizéiert Kontrakter am Interim, wou haaptsächlech jonk Leit dovunner betraff sinn. Ech ginn dovun aus, dass mir dat den nächste Freideg an enger Woch an der Tripartite wäerten diskutéieren.''
Den Dan Kersch erwaart sech do vun den Sozialpartner, dass se kloer Iddie mat an d'Gespréicher bréngen.
