
Hannergrond ass eng Reklamatioun vun engem Mann, déi wärend engem Virstellungsgespréich bei der Justiz am Joer 2018 opkomm ass. Deemools gouf dëse mat Donnéeën aus dem „Jucha“-Casier konfrontéiert.
D'Affär, déi mat den ëmstriddene Casiere vun der Justiz a Police zesummenhänkt, kënnt also weider net zu Rou. 3 Joer méi spéit gouf et dëst Joer am Mäerz e „Rappel à l'ordre“ géint deen ee vu Säite vum Parquet kee Recours gemaach huet.
Der Dateschutzkommissioun no verstéisst d'Notzung vun der „Jucha“ am Kontext vun enger Astellung géint den Dateschutz. Souwäit soll et an Zukunft net méi kommen, esou d'Justizministesch an der Chamber. Do weist ee sech vu Säite vun der CSV zefridden, den Deputéierte Laurent Mosar:
„Do ass schonn e Projet de loi deposéiert (deen d'Police concernéiert). D'Ministesch Sam Tanson huet eis de Mueren awer och gesot, datt e Projet de loi iwwert de 'Jucha' nach virum Enn vun dësem Mount soll deposéiert ginn. Dat heescht, elo kënnt déi Reform vun all deene Casieren a Fichieren, déi mir eigentlech vun Ufank u gefrot hunn an doriwwer si mir natierlech ganz frou.“
Dateschutzgesetz hätt awer, trotz Reform, weider Schwaachpunkten – dës sollen der CNPD no nach eng Kéier opgeschafft ginn, esou de Charles Margue, de gréngen Deputéierten a President vun der Justizkommissioun:
„Mir sinn zu Lëtzebuerg, wat dee ganzen Dateschutz ugeet, an enger jonker Jurisprudenz. Mä mir sinn eis eens ginn de Mueren, Deputéiert, ewéi och Dateschutzkommissioun, datt een d'Gesetz, dat 2018 gestëmmt gouf, nach eng Kéier muss duerchkucken.“
De Fall, ewéi dee vum Jurist vun 2018, ka sech esou awer elo schonn net méi widderhuelen.
„Do huet och d'Madamm Tanson eis de Moie schonn eng Rei Indikatioune ginn, déi an déi richteg Direktioun ginn. Et kënnt awer och dobäi, datt an der Tëschenzäit schonn e Projet de loi deponéiert an diskutéiert ginn ass iwwert d'Honorabilitéit vun deene Leit, déi wëlle fir de Staat oder d'Justiz schaffen. Esou, datt déi Situatioun ewéi se iwwerhaapt passéiert ass, elo net méi esou kéint passéieren.“
Der CSV no mussen an dësem Fall och d'Aquittemente vun den „Non-lieu“ direkt an deene Fichiere redresséiert ginn. Dat heescht, datt Leit, déi vun engem Aquittement oder „Non-lieu“ profitéieren – also eng Action judiciaire abandonéiert gouf - déi weder an engem Police-Fichier, nach an engem „Jucha“ sech erëmfannen.