
Fir dëse Samschdeg um 15 Auer hat d'"Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg" op eng Protestmanifestatioun virun der brittescher Ambassade invitéiert.
An deem Zesummenhang huet sech de Lëtzebuerger Journalisteverband ALJP solidaresch gewise mat de Fuerderungen, fir de Julian Assange direkt aus brittescher Haft fräizeloossen an en net un d'USA auszeliwweren.
Des Weideren ass et d'Fuerderung, dass den Assange dréngend misst an e Spidol ageliwwert ginn, nodeems sech säi Gesondheetszoustand wärend senger Gefaangenschaft däitlech verschlechtert huet.