Interessi hu fir dat, wat dausende vu Kilometer iwwert eise Käpp schwieft, dat ass wuel net jidderengem säi Fall. Ma fir eng Rei Jugendlecher ass d’Faszinatioun ronderëm d’Weltraum- Wëssenschaften awer grouss.
Insgesamt 54 Schüler aus verschidde Lycéeën hate sech am Hierscht fir de éischten zu Lëtzebuerg organiséierte CanSat-Projet gemellt. 5 Ekippen hu leschte Weekend bei quasi wanterleche Wiederkonditiounen op der Base aérienne zu Elsenborn an der Belsch hir Mini-Satellitte presentéiert.
Dës sinn esou grouss wéi Cola-Béchsen. Dora befannen sech Sensoren, déi ënnert anerem d'Temperatur oder d'CO2-Wäerter moosse kënnen. An d'Luucht geschoss goufen déi insgesamt 5 Satellitten unhand vun zwou Rakéiten, déi vun der hollännescher Firma T-Minus bereet gestallt gi sinn. De CanSat-Concours gëtt vun ESERO-Lëtzebuerg organiséiert. Enger Kollaboratioun tëscht dem Wirtschafts- a Educatiounsministère, zesumme mam Luxembourg Science Center an der europäescher Weltraum-Agence ESA.
Bei de Participante war d'Opreegung samschdes grouss, leider ass de Bilan net ganz positiv ausgefall. Net all d'Ekippen hunn zum Schluss och tatsächlech Donnéeën aus der Loft konnten erfaassen.
An op schonn d'Wieder net matgespillt huet, war d'Experienz op der Plaz awer aussergewéinlech, esou d'Aussoe vun e puer Jonker. Et bleift also ze hoffen, datt fir de nächste Start am Abrëll 2022 d'Antenne geriicht sinn an d'Sonn sech weist, well d'Faszinatioun "Weltraum", déi bleift.
Jugendlecher, déi interesséiert sinn, bei der nächster Editioun vum CanSat-Concours matzemaachen, kënne sech vu September un umellen. Infoen dozou ginn et hei.