Stater GareJonk Fra gouf an der Stroossbuerger Strooss iwwerfall

RTL Lëtzebuerg
En onbekannte Mann huet dem Affer 30 Euro aus der Hand gerappt a sech doropshin duerch d'Bascht gemaach.

Wéi et vun der Police heescht, war den Täter 1,80 Meter grouss an hat eng wäiss Kap an e schwaarze Pullover un.

Abroch zu Rëmeleng

An der Nuecht géint 1.40 Auer gouf an engem Wunnhaus an der Cité Hierzeprong agebrach. Éischten Ermëttlungen no solle sech 3 maskéiert Persounen an onbekannt Richtung aus dem Stëbs gemaach hunn.

Wéi ee preventiv géint Abréch virgoe kann, kënnt Dir hei noliesen.

Accidenter ënner Alkoholafloss

Da mellt d'Police nach en Automobilist, deen en Dënschdeg den Owend am Reidenerwee am der Géigend vun Uewerpallen accidentéiert ass. Den Alkoholtest war positiv, eng Plainte gouf géint de Chauffer gemaach. E weideren Accident mat Alkohol am Spill gouf et kuerz virun 1 Auer zu Esch/Uelzecht. Och hei gouf eng Plainte agereecht.

Back to Top
CIM LOGO