Face-à-face: Jeff Boonen vs. Blanche WeberEt brauch méi politesche Wëlle fir d'Reduktioun vu Pestiziden

Annick Goerens
Thema en Dënschdeg de Moie war déi generell Pestizid-Belaaschtung an eise Liewensmëttel.
Face-à-face: Jeff Boonen (CSV) vs. Blanche Weber (Mouvement écologique)
Thema en Dënschdeg de Moie war déi generell Pestizid-Belaaschtung an eise Liewensmëttel.

D’Debatt iwwer de Gebrauch vu Pestiziden an der Landwirtschaft huet zu Lëtzebuerg eng nei Dynamik kritt, nodeems eng rezent Etüd Pestizidréckstänn an de Lëtzebuerger Äppel opgedeckt huet. Invitéiert an eisem Face-à-face waren d’Blanche Weber, Presidentin vum Mouvement Ecologique an de Bauer, geléierten Agrar-Ingenieur an CSV-Deputéierte Jeff Boonen.

D’Situatioun ass alarmant, d’Politik muss handelen

De Mouvement Ecologique schléit Alarm: eis Ëmwelt ass ze staark vun Pestizide belaascht. Et ass e chronesche Problem. Zanter enger Rei Joer ginn et eng Hellewull un Analysen, déi alarméierend sinn. Ugefaange mat den Hoer vu Kanner, déi mat Pestizide belaascht sinn. All d’Stëbsanalyse queesch duerch d’Land si voller Pestiziden. Ewigkeitschemikalien, déi zum groussen Deel och vu Pestizide kommen, sinn am Drénkwaasser, am Grondwaasser an am Flächewaasser. Pestizide sinn a Kären, Nuddelen a Miel, an och am Wäin. A ganz rezent gouf eben och nach nogewisen, dass an de Lëtzebuerger Äppel bis zu 7 Pestizid-Réckstänn dra sinn. An dat Schlëmmst wier: se klammen och nach. “Dat heescht, et muss een einfach soen, d’Situatioun ass alarmant an d’Politik muss handelen”, seet d’Blanche Weber. D’Presidentin vum Mouveco huet kee Blat virun de Mond geholl a fënnt et “befriemlech”, dass d’Bauere sech ugegraff fillen, well viséiert wier d’Politik. D’Landwirtschaftsministesch hätt och nach gesot, de Mouveco géing iwwerdreiwen. “A mir fannen, dass et einfach Zäit ass, wou ee muss soen, mir hunn eng problematesch Situatioun. Dat accumuléiert sech zënter Joren. [...] Et ass einfach esou. Kriibserreegend, hormonell stéierend a sou weider.”

Eng Präsens ass net automatesch eng Gefor

Den CSV-Deputéierten, selwer Bauer, huet hir awer reprochéiert, mat der Äppel-Etüd net relativéiert ze hunn. E ganze Secteur wär attackéiert ginn an hätt béis Abousse misse maachen déi lescht Wochen. Ma d’Baueren hätten alles richteg gemaach. Der Norm no. “Et heescht jo net, wann eng Präsens vun engem Planzeschutzmëttel do ass, dass eng Gefor do ass.” Bei där Etüd iwwer d’Hoer vun de Kanner, déi vum Santésministère gemaach gouf, do hätt ee 60 Substanze fonnt. Dovu wier awer just en Deel Planzeschutzmëttel. “Dat heescht, mir hunn an der Gesellschaft immens vill cheemesch Substanzen, déi eng Belaaschtung op eis maachen.” A wéi gesot, wier eng Präsens net automatesch eng Gefor. Et géif een ëmmerhi ënnert de Grenzwäerter leien.

D’Héchstwäerter vu Pestizide sinn ëmstridden

Déi Wäerter wäre souwisou ëmstridden, kontert d’Blanche Weber. Bei all neier Analys, géing sech erausstellen, dass ee sech geiert hätt, an dass se vill méi toxesch wiere wéi geduecht. Si huet betount, et dierft elo net méi verharmloost ginn. Chemikalie géife sech uräicheren. De Cumul vu Pestizide wär net kontrolléiert. De Mouveco fuerdert, dass d’Landwirtschaftsministesch sech méi fir Bio-Planzen a resistent Zorten asetzt, déi een net souvill sprëtze muss.

De Jeff Boonen war d’accord, dass d’Diskussioun iwwer den Effet vu Pestizid-Cocktailen (wa méi Substanzen dra sinn), misst gefouert ginn. D’EFSA [European Food Safety Authority, ndlr] wier dobäi eng wëssenschaftlech Method opzestellen, fir dat ze moossen, mee dat wier extrem schwéier. “Ech denken net, dass do e schlechte Wëllen ass,” sou den CSV-Deputéierten.

Landwirtschaft ass oppe fir Alternativen

D’Landwirtschaft wär och oppe fir nei, innovativ a resistent Alternativen. Et misst een och bedenken: “Mir kommen aus engem Joerhonnert, fir dat nach vläicht eng Kéier ze soen, wou mer d’Weltpopulatioun vun zwou op aacht Milliarde bruecht hunn.” An dat wier an de 60er Jore mat Hybridzorten, Planzeschutzmëttel an Dünger gemaach ginn. Dat wier een enormen Erfolleg gewiescht. An d’Liewensmëttel wiere sou sécher wéi nach ni. Et géingen zwar vill Produiten (rezent Mëllechpudder fir Puppelcher) zeréckgezunn ginn, “mee dat ass vläicht en Zeechen, dass d’Kontrolle ganz gutt funktionéieren.” An haut wier een och ganz transparent.

De Bio-Aktiounsplang geet net wäit genuch

Och de Bio-Aktiounsplang war e Sujet am Face-à-face. De Mouveco huet kritiséiert, dass een ze mann Ambitiounen hätt. D’Reduktioun vum Bio-Zil vun 20 op 15 Prozent bis 2030 wier e falscht Signal. Et hätt ee besser, d’Konditioune fir Bio ze verbesseren. Donieft géing d’Politik d’Potenzial vun ëffentleche Kantinnen net genuch notzen, fir eng staark a garantéiert Nofro fir Bio-Produkter ze schafen.

Den CSV-Deputéierte verdeedegt de Bio-Aktiounsplang als realistesch a pragmatesch. D’Zil vun ongeféier engem Prozent Bio-Zouwuess pro Joer géif dem Secteur erlaben, sech lues a stabil ëmzestellen, ouni d’Bauere wirtschaftlech a Gefor ze bréngen. Entscheedend wier, datt Ofsaz-Méiglechkeeten an Wäertschëpfungskette parallel opgebaut ginn, fir ze verhënneren, datt Betriber no e puer Joer erëm aus dem Bio-System ausklammeren.

Zukunftsperspektiven

An der Diskussioun iwwer d’Zukunft vun der Landwirtschaft huet d’Blanche Weber ënnerstrach, dass eng extrem Reduktioun vu Pestiziden an eng Reorientéierung zu méi nohaltege Praktiken noutwenneg sinn. D’Politik misst eng kloer Positioun op EU-Niveau bezéien, besonnesch wann et drëm geet, d’Reegelen iwwer Pestiziden net ze large ze gestalten.

De Jeff Boonen huet zouginn, dass eng Landwirtschaft ganz ouni Planzeschutzmëttel wuel net machbar ass, mä hien huet betount, dass nei Technologien a Biotechnologien derzou bäidroe kéinten, den Impakt op d’Ëmwelt ze reduzéieren. Et wier wichteg, op realistesch a machbar Ziler ze setzen, fir eng nohalteg Entwécklung am Secteur ze garantéieren.

Duerch dës Diskussioun ass kloer, dass d’Thematik vu Pestiziden an der Landwirtschaft komplex ass an, dass et e breet Ëmdenke brauch, souwuel an der Landwirtschaft wéi an der Politik. D’Blanche Weber an de Jeff Boonen si sech trotz Differenzen an der Approche doriwwer eens, dass méi Efforte gebraucht ginn, fir déi zukünfteg Generatiounen an hir Ëmwelt ze schützen.

Eng nei Etüd iwwer eng héich Pestizid-Belaaschtung vu Lëtzebuerger Äppel suergt fir Diskussiounen.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO