Invité vun der Redaktioun (16. Februar): Jean-Paul ScheurenDilemma beim Neibau: Baue fir kënnen ze verkafen a verkafe fir kënnen ze bauen

François Aulner
E Méindeg de Moie war den Immobiliemarché Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Jean-Paul Scheuren
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Am Immobilie- respektiv Bausekteur wier eng Transitioun amgaangen. De Vizepresident vun der Chambre Immobilière Jean-Paul Scheuren huet e Méindeg de Moien hei op RTL erkläert, datt Entwéckler aktuell an engem Dilemma wieren. Et misst een ufänke mat bauen, fir kënnen ze verkafen a fir d’éischt awer verkafen, fir kënnen ze bauen.

Am traditionelle Modell huet de Client selwer seng Wunneng an Tranchë bezuelt ier se gebaut ass, huet de Jean-Paul Scheuren erkläert. D’Venten um Plang, déi sougenannt “VEFA”, wieren awer agebrach, well et no Faillitte kee Vertraue méi gi wier. Lo misst de Promoteur de Risk eleng op sech huelen an dowéinst misst een nei Weeër fannen “mat de Banken an nieft de Banken”. Hie géing un alternativ Modeller “gleewen”, well hien dat selwer scho gemaach huet.

Fir d’Vertraue vun de Keefer rëm hierzestellen, misst et iwwerdeems en neie Modell fir d’Garantie d’achèvement ginn. Dem Jean-Paul Scheueren no misst een de Keefer méi Garantië ginn, fir datt se net op engem Terrain sëtze bleiwen. De Vizepresident vun der Chambre Immobilière huet “Elementer” genannt: zum Beispill, datt den Terrain an der Garantie mat ofgedeckt wier, datt et eng Kontroll gëtt vun de Bau-Garantien an ob d’Tranchen, déi verrechent ginn, och richteg wieren.

Katastroph fir d’Attraktivitéit vum Land an de Sozialsystem

Mir hunn e Méindeg de Moie mam Jean-Paul Scheuren och en Etat des Lieux vun der Situatioun um Immobiliemarché gemaach. Säi Constat war deen, datt Terrainen deelweis ganz deier akaaft gi wieren an d’Baukäschten explodéiert wieren. D’Baue wier bal 50% méi deier ginn zanter dem Ufank vun der Kris viru bal 4 Joer. D’Unzuel vun de Keefer, déi potentiell kënne kafen, géing doduercher ëmmer méi kleng ginn. Wat d’Locatioun ugeet, “dat ass jo eis Katastroph fir d’Attraktivitéit vum Land”, esou de Jean-Paul Scheuren.

Et misst ee sech soss froen als Land, ob ee wéilt weider wuessen an de Sozialsystem erhalen. De Jean-Paul Scheuren erkennt awer op d’mannst de Wëlle bei der Regierung a bei de Gemengen, fir méi a méi séier ze bauen. Dat a Bezuch notamment op d’Vereinfache vun de Prozeduren. Bei den héije Präisser wier d’Durée fir ze bauen eng wichteg Komponent.

Bei sengem leschten Optrëtt als Invité vun der Redaktioun am Abrëll d’lescht Joer hat de Jean-Paul Scheuren sech iwwerdeems och fir méi kleng Wunnengen ausgeschwat, well 60% vun de Leit géingen eleng wunnen.

Invité vun der Redaktioun: Jean-Paul Scheuren

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO