Zanter knapp zwou Wochen huet Beetebuerg mam Jean-Marie Jans een neie Buergermeeschter. Hien huet d’Successioun vum Laurent Zeimet ugetrueden, nodeems dee sech aus dem Gemengerot zeréckgezunn huet, fir sech ganz op seng Aufgab als CSV-Fraktiounschef an der Chamber ze konzentréieren. Fir deen neie Gemengepapp gëtt et genuch Erausfuerderungen, sief et an der Mobilitéit, bei de Finanzen oder beim Ëmgank mat enger Kosmetikfirma.
Hie géing sech freeën, elo d’Geleeënheet ze hunn, an där Gemeng Buergermeeschter ze sinn, an där hie scho säi ganzt Liewe laang wunnt. Ma zur Motivatioun kéim awer och eng grouss Portioun Respekt. Un Aarbecht feelt et dem neie Gemengepapp net, virop am Beräich vun der Mobilitéit deet sech zu a ronderëm Beetebuerg vill, notamment wat den Zuchreseau ugeet. Méi wéi 400 Milliounen Euro wäerten d’CFL an d’Renovatioun vun der Beetebuerger Gare investéieren an och d’Neibaustreck a Richtung Stad soll vun nächstem Joer u phaseweis a Betrib geholl ginn. Ma schonn elo ass Beetebuerg gutt un d’Schinnennetz ugeschloss an dat féiert dozou, datt vill Leit vu baussen an der Uertschaft parken, fir do den Zuch ze huelen. Ee Problem, deen déi Gemengeresponsabel dem Jean-Marie Jans no erkannt hunn.
“Fir do géigenzesteieren, hu mer de leschten Oktober de Stationnement résidentiel um ganzen Territoire vun der Gemeng agefouert. An dat verhënnert effektiv elo, datt mer dee ganzen Dag Autoen do stoen hunn, wou d’Chaufferen dovu weder zu Beetebuerg schaffen, nach zu Beetebuerg wunnen.” Et huet een dann och d’Zuel vun den Agents municipaux op 6 eropgesat, fir besser kënnen ze kontrolléieren, ob déi nei Reegelen och agehale ginn.
Mat 132 Milliounen Euro Schold läit Beetebuerg hannert Mamer op der zweeter Plaz ënnert den 100 Gemengen. Vun der LSAP-Oppositioun ass an der Vergaangenheet scho Mol d’Kritik komm, datt dat dorunner leie géing, datt Projeten ze grouss gebaut géinge ginn. Dee Reproche wëllt de Jean Marie Jans awer net gëlle loossen, wéi déi aktuell CSV-Déi Gréng-DP-Koalitioun d’Rudder 2011 iwwerholl huet, wier ee par Konter mat enger Situatioun konfrontéiert gewiescht, an där hätt musse gehandelt ginn.“D’Regiehale vun eise Servicer ware vereelzt, déi waren och ganz dispercéiert an der Gemeng, dat huet och misse gemaach ginn an dat ass entretemps geschitt. Mir hunn e Kulturhaus gebaut fir eis Kulturveräiner, déi ware bis dohin an der Sportshal ënnerbruecht. Dat war natierlech eng suboptimal Léisung.” Dëst Joer géing d’Schold zwar op 128 Milliounen no ënne goen, mee an deenen nächste Jore wäert déi Zuel awer nees klammen, well “d’Schoul am Duerf” vu Grond op renovéiert gëtt.
Een Dossier, deen zu Beetebuerg scho länger fir Diskussioune suergt, ass dee vun der Kosmetikfirma “International Lacquers”. D’Gemeng huet der Entreprise reprochéiert, baulech Mesuren ouni Baugeneemegung duerchgefouert a reegelméisseg d’Diddelenger Baach verknascht ze hunn. D’Entreprise huet der Gemeng hirersäits virgeworf, 10 Joer laang net op Courriere geäntwert ze hunn a si lass wëllen ze ginn. Mëttlerweil wier awer e bëssi Beweegung an déi Geschicht komm.
“Entretemps hu mer eis um Ekonomieministère och mat Leit vum Ministère zesummegesat an zu zwee u sech eis ofgemaach, datt mer géinge kucken, fir déi Situatioun zesummen ze berengegen. D’Firma ass de Moment amgaangen, fir eng Rei Efforten ze maachen, huet Demanden eraginn, déi och bal vollstänneg sinn an ech denken, datt deen Dossier wäert weidergoen.”
Dem neie Beetebuerger Buergermeeschter war et awer wichteg ze betounen, datt een et als Gemeng egal wéi och an Zukunft net akzeptéiere kéint, wann ouni Geneemegung gebaut gëtt.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.