PoliceIwwerfall mat Metallstaang, am Café randaléiert an e puer positiv Alkoholtester

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet e Freideg de Moien e puer Virfäll hei am Land gemellt.

An der Stad koum et kuerz no 16 Auer zu engem Iwwerfall an der Rue de Bragance. E Mann war vun 2 Onbekannten op oppener Strooss mat enger Metallstaang menacéiert ginn a krut seng schwaarz Sportssacoche geklaut. Béid Männer sinn no der Dot mat 2 anere Persounen a Richtung Lonkescher Strooss geflücht. Bei den Täter handelt et sech ëm 4 Männer. Een hat e bloe Pullover un an hat mëttellaangt, gekrauselt Hoer. Een zweeten hat e rout Kappduch an driwwer eng schwaarz Kap un, een aneren hat e groen Nike-Pullover mat Tirette un a vum véierten ass just gewosst, dass hien e Buff unhat. De Grupp Onbekannter hat e Vel'OH bei sech.

Kuerz no 19 Auer gouf e Mann gemellt, dee sech an engem Café zu Ëlwen de Batti gestallt huet. Wéi eng Patrull op d'Plaz koum, war de Mann nach ëmmer um Randaléieren an huet missen immobiliséiert ginn, woubäi hie sech awer hefteg soll gewiert hunn. A well de Mann därmoossen eng hänken hat an eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet, koum hien an Arrest.

Da gouf et nach e puer positiv Alkoholtester.

Kuerz no 18 Auer huet d'Police eng Automobilistin op enger Bensinsstatioun zu Leideleng gestoppt. déi alkoholiséiert mat hirem Won ënnerwee war. Um 2.20 Auer ass enger Patrull e Chauffer tëscht Stroossen a Briddel duerch säin onséchere Fuerstil opgefall.

A béide Fäll war den Alkoholtest positiv an et gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO