
Mëtt Abrëll hat d'Organisatioun op d'Longekrankheet bei de Meesen opwierksam gemaach. Den Ursprong vum Vulle-Stierwe kënnt duerch d'Bakterie "Suttonella ornithocola", héich ustiechend an der Haaptsaach ënner Blomeesen, awer och Kuelmeesen an aner kleng Sangvulle si betraff.
RTL-NEWS: Bakterie "Suttonella ornithocol" ass ScholdMat Hëllef vun engem Formulaire kann een doudeg oder krank Vulle mellen. Bis den 21. Abrëll koumen iwwer 140 Meldunge bei natur&ëmwelt eran. En neie Bilan bis Enn Mee zielt 228 Meldunge, respektiv 371 Vigel, 2/3 doudeger an 1/3 kranker.

natur &ëmwelt mécht nach emol de Rappell, dass d'Krankheet ustiechend, awer net geféierlech fir de Mënsch oder anere Déieren ass. Do, wou vill Vigel beieneekommen, ass e Social distancing recommandéiert. Dofir sollte Fudder- oder Drénkplazen am Gaart fir op d'mannst 4 Wochen net méi bereet gestallt ginn.
Op enger Kaart gouf festgehalen, dass sech de Phenomen op dat ganzt Land verdeelt an et keng spezifesch Hotspots ginn. De Peak wier am Abrëll gewiescht a géif zäitlech mat den Zuelen aus Däitschland iwwerteneestëmmen.
